100 Joer Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains

D’Fanfare Mondorf gouf den 21. November 1920 gegrënnt. Siwe Joer méi spéit, de 15. Juli 1927, hunn d‘Bierger vun Altwis och eng Museksgesellschaft gegrënnt.
Fir Joerzéngten hunn déi zwou Gesellschaften Héichten an Déiften erlieft. Op enger memorabeler Reunioun, de 27. September 1977 huet d’ Majoritéit fir d’ Fusioun vun den zwou Fanfaren Altwis a Munneref gestëmmt, eng Fusioun déi nei Horizonter opgemaach huet.
Den Här Roby Lohr, Militärmuseker, war 1978 den éischte Dirigent vun der Fanfare Mondorf-Altwies. Wärend zwielef Joer huet de Roby Lohr eis Gesellschaft mat grousser Kompetenz dirigéiert an déi zwou Gesellschaften zu enger harmonescher Grupp vu jonke Museker verschweesst.

1990 ass den Här Olivier Gravier neie musikaleschen Direkter ginn. Seng Kompetenz an säin Duerchhalverméigen hunn bedeitend zu der Verbesserung vun der musikalescher Qualitéit vun eiser Gesellschaft bäigedroen.
Den 1. Juni 2000 um UGDA Concours zu Rodange huet d’Fanfare Mondorf-Altwies e „Grand Premier Prix“ gewonnen a gouf an d‘“Divisioun Excellence“ klasséiert.
Mat de Joren ass d’ Zuel vun den Holzbléiser stänneg gewuess an schlussendlech huet d’ Zesummesetzung vum Orchester – Holzbléiser, Blechbléiser, Perkussioun – méi enger Harmonie entsprach wéi enger Fanfare. Sou ass den 12. Abrëll 2003 d’Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains a.s.b.l. a Fortsetzung vun der Fanfare Mondorf-Altwies entstanen.
Haut kënne mir houfreg behaapten datt eis Museksgesellschaft, mat 88 aktiven Memberen, zu de beschten aus der Regioun zielt. Si huet d’ Gemeng Munneref ëmmer mat Dignitéit souwuel heiheem wéi och am Ausland representéiert.
Fir eis 100 Joer würdeg ze feieren proposéiere mir wärend dem ganze Joer 2020 en ofwiesslungsräiche musikalesche Programm. Den 10. Januar hunn d’ Feierlechkeeten mat eisem traditionelle Neijoerschconcert ugefaangen. Wärend dësem Concert sinn de Concertsmarsch “The Cosy City” vum Claude Schlim an “Two impressions from Mondorf-les-Bains”, e Concertsstéck vum Marco Pütz uropgeféiert ginn.