D’Feierlechkeeten fir den 100. Anniversaire vun der «Harmonie Municipale Mondorf-les-Bains» haten 2020 mam Neijoerschconcert den 10. Januar, der Akademescher Sëtzung den 6. Mäerz an dem Concert vun KMKJWF den 7. Mäerz erfollegräich ugefaangen.
Leider goufe se vun der Corona Pandemie ënnerbrach. All kulturell a musikalesch Evenementer goufen bis den 31. Juli 2020 annuléiert.
Den Organisatiounscomité hat dunn decidéiert all programméiert Evenementer bis Enn 2020 ze annuléieren an op 2021 ze verréckelen.
Leider ass et och dëst Joer net méiglech e feste Programm opzesetzen. Dofir huet den Organisatiounscomité elo decidéiert all Evenementer an d’Joer 2022 ze verréckelen .
All Entréesbilljeeën, déi scho bezuelt goufen, bleiwe fir 2022 valabel.
D’Jubläumsbuch mat engem Réckbléck op all d‘Feierlechkéeten erschéngt eréischt am Joer 2023.